Autoritéite schwätze vun engem EenzeltäterNom Attentat op de slowakesche Premier Fico gouf eng Persoun festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Een Dag nodeems op de slowakesche Regieurngschef Robert Fico gesschoss gouf, huet d'Police en Donneschdeg eng Persoun festgeholl.
© TOMAS BENEDIKOVIC AFP

Wéi et an deem Kontext vum slowakeschen Inneminister Matus Sutaj Estok heescht, géif et sech ëm e Pensionär handelen. Den 71 Joer ale Mann, hätt esouwuel bei der Virbereedung, ewéi och bei der Ëmsetzung vun der Dot eleng gehandelt. De Mann géif elo wéinst versichtem Mord ugesicht ginn.

Weider huet de slowakeschen Inneminister matgedeelt, dass de presuméierten Täter politesch motivéiert gewiescht wier. Hie wier onzefridde mam Resultat vun de Presidentiellen ugangs Abrëll gewiescht an hätt decidéiert, seng Onzefriddenheet an Doten ëmzesetzen.

Wéi de slowakesche President Peter Pellegrini heescht et iwwerdeems, dass hie kuerz mam Robert Fico geschwat hätt. Ma de Premier wier nëmme capabel gewiescht, e puer Wierder ze soen. Säin Zoustand wier weiderhi ganz eescht.

Back to Top
CIM LOGO