Ouschterméindeg 2025 kënnt aus dem Vatikan déi traureg Noriicht, datt de Poopst François am Alter vun 88 Joer gestuerwen ass. Deen éischte Pontifex aus Latäinamerika war zënter Méint gesondheetlech ugeschloen. Fënnef Deeg méi spéit hu sech zu Roum Dausende Gleeweger a vill Staats- a Regierungscheffen fir säi Begriefnes versammelt.
De 7. Mee huet d’Konklav ugefaangen. Kardineel aus alle Kontinenter hunn hannert zouenen Dieren en neie Poopst gewielt – fir d’éischte Kéier war mam Jean-Claude-Hollerich e Lëtzebuerger Kardinol dobäi. Nom véierte Walgang kënnt wäissen Damp aus dem Schaarschtech vun der Sixtinescher Kapell.
Den neie Poopst nennt sech Leo XIV. Hien ass Amerikaner, heescht mat biergerlechem Numm Robert Francis Prevost, gebuer zu Chicago. Vill Joren huet hien awer am Peru gewierkt, wou hien als Bëschof vu Chicago aktiv war. Zenter 2015 huet hien och déi peruanesch Nationalitéit. Hie gëllt als bescheiden, pragmatesch a weltoppen – gëtt respektéiert vu progressive wéi och konservative Kierchekreesser.
Bei sengem éischten Optrëtt um Balcon vum Péitersdoum huet de Leo XIV. op grouss Geste verzicht. Seng éischt Wierder waren en einfache Friddensgrouss.
De 26. September zejoert war de Poopst Leo den XIV., deemools nach Kardinol Prevost, zu Lëtzebuerg. Hie war Member vun der Vatikan-Delegatioun, déi de Poopst Franziskus op der Visitt begleet huet.