
Un de Ballonen aus Nordkorea houngen Tuten, déi bis un de Bord gefëllt ware mat Toilettëpabeier, Plastik, Zigarettestëmp, Déierenexkrementer an aneren onschéinen Iwwerraschungen. Eleng e Sonndeg waren eng 600 Ballonen an der Loft gesi ginn, wéi déi südkoreanesch Arméi matgedeelt hat.
Elo wëll Nordkorea dës Aktioun awer fir d’éischt emol nees stoppen. Der staatlecher Noriichtenagence KCNA no hätt d’Regierung zu Pjöngjang matgedeelt, keng Ballone méi iwwer d’Grenz ze schécken.
Ugefaangen hat déi ongewéinlech Aktioun als Reaktioun vum diktatoresche Regimm an Nordkorea op “Propaganda” aus Seoul. Südkoreanesch Aktiviste schécken heiansdo Ballonen iwwer d’Grenz, un déi si Flyere géint den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un a Sue fir déi nordkoreanesch Populatioun drun hänken.
D’Tensiounen tëscht Nordkorea a Südkorea sinn héich. Den nordkoreanesche Staatschef huet viru kuerzem annoncéiert, d’Entwécklung vu Waffen - dorënner och Atomwaffen - virundreiwen ze wëllen. Doropshin huet Südkorea seng Zesummenaarbecht mat den USA am Beräich vun der Verdeedegung verschäerft.