An de Regiounen Ñuble a Biobío ronn 500 Kilometer südlech vun der Haaptstad Santiago de Chile huet de President Gabriel Boric den Noutstand ausgeruff. Den Autoritéiten no si bis ewell iwwer 50.000 Mënsche wéinst de Bränn geflücht, 19 Leit sinn ëm d’Liewe komm. Bal 4.000 Pompjeeë sinn den Ament am Asaz. Doduerch datt elo den Etat d’urgence ausgeruff gouf, kënnen d’Pompjeeë och vu der Arméi ënnerstëtzt ginn. Bei enger Visitt an der Grousstad Concepción an der Regioun Biobío huet de Boric iwwerdeems e Couvre-feu annoncéiert a virun “immens schwierege” Konditioune gewarnt. Besonnesch hei si vill Wunngebitter vun de Flame betraff, staarke Wand an d’Hëtzt hunn d’Feier begënschtegt. Och d’Stad Penco an der Géigend vu Concepcíon ass staark vun de Bränn betraff, déi meescht Doudeg soll et an dëser Regioun ginn hunn.
An de leschte Jore koum et am Chile ëmmer nees zu schwéiere Bëschbränn. Am Februar 2024 waren zu Viña del Mar an der Touristeregioun Valparaíso dobäi 138 Leit ëm d’Liewe komm.