DäitschlandObligatoresche Corona-Test no Arees aus Risikogebidder

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg u muss jiddereen, deen aus Risikogebidder an Däitschland areest, ee Corona-Test maachen, wann een net schonn een negatiivt Resultat huet.

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn huet en Donneschdeg de Moien eng Test-Obligatioun annoncéiert fir Leit, déi aus engem Risikogebitt an Däitschland areesen. Dat wär engem zouzemudden, sou de Jens Spahn.

Wann een areest mam Auto, Zuch oder Fliger, dann huet een 72 Stonnen Zäit, fir sech gratis testen ze loossen. Wann een zum Beispill um Fluchhafe keen negatiivt Resultat virweise kann, wat net méi al ass wéi zwee Deeg, da kann een do gratis getest ginn. Oder et kann een och ëmmer ouni Test zwou Wochen a Quarantän goen. Et soll een och a Quarantän goen, bis een negatiivt Resultat do ass.

Et muss ee sech teste loossen, wann een aus enger Regioun kënnt, wou et méi wéi 50 Infektioune pro 100.000 Awunner an de leschte 7 Deeg gouf. Dat ass d’Definitioun vum Robert Koch-Institiut. Lëtzebuerg ass jo och vun Däitschland als Risikogebitt aklasséiert ginn, genau wéi déi belsch Regioun vun Antwerpen, e puer Regiounen an Nordspuenien an nach vill aner Länner. Um Site vum Auswärtigen Amt fënnt ee weider Detailer an Informatiounen iwwert d’Situatioun. Do gëtt ënner anerem präziséiert, datt keng Grenzkontrollen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO