
Wärend d’Gewerkschaft Verdi de Patrone reprochéiert, hir Salariéeën hinzehalen, reprochéiert den däitschen Handelsverband HDE der Gewerkschaft, net zu konstruktive Verhandlunge bereet ze sinn an trotz schwieregste wirtschaftleche Konditiounen un hirer Maximalfuerderung festzehalen.
Verdi fuerdert iwwerdeems, dass d’Gespréicher an deenen eenzelen däitsche Bundeslänner nees opgeholl ginn. D’Patronen hätten hiren Accord dofir bei engem Sommet am November ginn, géife sech elo awer net méi un dësen halen. Si géifen d’Baisse vun de Realléin am Secteur ignoréieren. Et hätt een nach ni esou haart fir d’Sécherung vun de Realléin kämpfe missen.
Vun der HDE heescht et dogéint, dass déi lescht Offer, déi ee gemaach hätt, historesch wier. De Verband bitt de Salariéeën eng Loun-Hausse vun 10,24 Prozent. Den deementspriechende Kollektivvertrag soll op déi nächst 2 Joer lafen. Verdi verlaangt eng Hausse vum Stonneloun vun 2,50 Euro am Eenzel- an am Versandhandel. Am Baussen- a Grousshandel sollen d’Léin ëm 13 Prozent klammen.
Well béid Säite sech am Sträit ëm eng Lounerhéijung net eens ginn, huet Verdi hir Memberen dozou opgeruff, vun e Freideg u wärend 4 Deeg ze streiken. Betraff sinn ënner anerem Geschäfter ewéi Edeka, H&M a Saturn.