Méi oder manner strengOch aner Länner maache weider Schrëtt aus dem Confinement eraus

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland zum Beispill gi grouss Geschäfter nees op. Limitatiounen an der Gastronomie an am Sport gi weider opgehuewen an et gi weider Schoulen op.

A Frankräich kënnen d’Leit elo och nees, ouni e wichtege Grond ze hunn, virun d’Dier. Trëppele goen a Sport sinn och nees ouni Aschränkungen erlaabt. Och do ginn d’Butteker an d’Schoulen nees op. Restauranten a Caféë bleiwen zou. Fir ronn eng Millioun Kanner goung et donieft och nees zeréck an d’Schoul.
Am Paräisser Groussraum bleiwen d’Reegelen awer nach méi streng. Grande Surfacë bleiwen do nach zou, d’Schoule vun der Fomation continue a Parke bleiwen nach zou. Fir d’Bierger am Schengenraum gëllen nach bis Mëtt Juni Rees-Aschränkungen.

Méi lass war am Metro zu Paräis, dëst well nach zwou Bestëmmunge mat de manner strenge Restriktiounen net ugepasst goufen. D’Fransousen dierfen aktuell net méi wäit wéi 100 Kilometer vun hirem Wunnuert ewech sinn, ouni e Grond ze hunn, an d’Metro dierf zu den Haaptzäite just mat engem Certificat genotzt ginn. D’Gesetz fir d’Verlängerung vum Ausnamezoustand war net séier genuch duerch, fir dës béid Bestëmmunge schonn e Méindeg a Kraaft trieden ze loossen.

Via Twitter hat den Emmanuel Macron awer d’Populatioun opgeruff, weiderhin opzepassen an esou Liewen ze retten.

Mat Spuenien an der Belsch maachen 2 vun den am stäerkste vun der Corona-Pandemie betraffe Länner an Europa hir strikt Ausgangsspären manner streng. Well d’Zuele vun Infektiounen an Doudegen erofgaangen ass, wëlle béid Länner no bal 2 Méint de Schratt a Richtung Normalitéit goen.

A Spuenien däerf d’Hallschent vun de 47 Milliounen Awunner an der éischter Phas vum Deconfinement nees eraus. Restauranten dierfen ënner bestëmmte Reegelen nees hir Terrassen opmaachen. Am Frëndes- a Familljekrees dierf ee sech nees bis zu 10 Leit treffen. Aus Angscht virun enger zweeter Well an de besonnesch schlëmm betraffene Regioune Madrid a Barcelona dierfen d’Mënschen awer nach net eraus.

An der Belsch maachen d’Butteker, wéi och zu Lëtzebuerg, nees op. Restauranten, Caféen a Bare bleiwen zou.

Neiséiland wëll nach dës Woch hir Ausgangsspären ophiewen, d’Grenze sollen awer nach zou bleiwen. En Donneschdeg soll déi nächst Phas vum Deconfinement ufänken, da sollen déi meescht Butteker an ëffentlech Plazen nees opmaachen. D’Schoule sollen den 18. Mee hir Dieren opmaachen, Baren den 21. Mee.

D’Premierministesch huet awer gewarnt, weider virsiichteg ze sinn: “Mir hu vläicht e puer Schluechte gewonnen, mä mir sinn nach ëmmer am Krich”. Bei Treffen doheem, bei Hochzäiten a Begriefnesser dierfen net méi wéi 10 Leit zesummekommen. Aner sozial Evenementer, egal ob bannen oder baussen, sinn op 100 Leit limitéiert. Bis e Méindeg zielt Neiséiland 1.479 Infektiounen, 21 Mënsche si gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO