Macron an InterviewOch de franséische President fuerdert de Récktrëtt vu sengem Homolog a Belarus

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Populatioun vu Belarus fuerdert och de franséische President Macron de Lukaschenko dozou op zeréckzetrieden.

An engem Zeitungs-Interview sot de Macron, dass et eendeiteg wier, dass hie goe misst. D’EU hat um Donneschteg erkläert, dass si de Lukaschenko net méi als President vum Belarus unerkenne géing. Et ginn Doutten um offizielle Resultat vun de Walen Ugangs August. D’EU kritiséiert och, dass Dausende Leit bei den Demonstratioune géint de Lukaschenko festgeholl gi wieren.

200 Leit goufen um Sonndeg zu Minsk festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO