
An dat wäert och tëscht Däitschland a Lëtzebuerg gemaach ginn, wéi eng Spriecherin vun der däitscher Police op Nofro confirméiert. Et wäerte keng permanent Kontrolle sinn, mee jee no Situatioun kënne se flexibel duerchgefouert ginn, esou d’Maxie Imgenberg vun der “Bundespolizeidirektion Koblenz”. Mat Stéchprouwe gëtt d’Identitéit vu Persounen iwwerpréift.
D’Grenzkontrolle géifen op Uerder vum Inneministère duerchgefouert ginn, mam Zil, virun allem gewaltbereet Futtballfans net an Däitschland eranzeloossen.
D’Mesure gëllt vun e Freideg 7. Juni bis e Freideg 19. Juli.