149 Doudeger zu BeirutOch Lëtzebuerg hëlleft dem Libanon no der duebeler Explosioun am Hafen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer honnert Mënsche ginn nach vermësst an honnertdausende Leit hu keen doheem méi.
Iwwer 5.000 Leit goufe blesséiert
D’Explosioun zu Beirut huet op d’mannst 137 Mënschen d’Liewe kascht.

D’Zuelen no der Explosiouns-Katastroph zu Beirut schwätze fir sech. Nach ëmmer lafen d’Rettungsaarbechten an der Haaptstad vum Libanon op Héichtouren.

Hëllefsgidder, Rettungsequippen an Dokteren aus anere Länner ginn op Beirut geschéckt.

Ausléiser vun den zwou Explosiounen am Hafen vu Beirut war héchstwarscheinlech en Depot mat Ammonium-Nitrat, deen net anstänneg geséchert war. Dës chemesch Substanz ka bei méi héijen Temperaturen detonéieren. D’libanesesch Regierung huet ordonéiert déi Responsabel vum Depot ënner Hausarrest ze stellen.

Och Lëtzebuerg hëlleft dem Libanon no der duebeler Explosioun

Wéi de Ressortminister Franz Fayot am RTL-Interview erkläert, ass ee spezialiséierte Mataarbechter aus dem Kooperatiounsministère ënnerwee op d’Plaz, fir an den nächsten 3 Wochen mat de lokale Partner ze kucken, wat am dréngendsten an der libanesescher Haaptstad gebraucht gëtt. Lëtzebuerg huet och Bréissel seng Ënnerstëtzung zougesot, fir bei Bedarf eng Equipe vum CGDIS ze schécken. D’EU huet schonn méi wéi honnert Spezialisten mat medezineschem Equipement an de Libanon detachéiert.

De Grand-Duché seet sech och bereet, fir dem Internationale Roude Kräiz eng Enveloppe vun 100.000 Euro zur Verfügung ze stellen an gëtt och am Kader vum Noutfallfong vun der UNO aktiv. Lëtzebuerg bezilt all Joer ongeféiert 5 Milliounen Euro an dëse sougenannten “Central emergency response fund” an.

Déi ganz Hëllef ze chiffréieren wier zu dësem Ament nach schwéier, sou den LSAP-Minister. Et hätt et probéiert séier, koordinéiert an effikass ze schaffen. Et géif an éischter Phas drëm goen, fir am ugeschloene Land do aktiv ze ginn, wou et am dréngendsten ass. Donieft géif een natierlech op der Plaz kucken, wéi d’Situatioun evoluéiert, fir dann, wann et muss sinn, ze reagéieren.

Spendenopruff vun der Caritas

Caritas Lëtzebuerg huet iwwerdeems e Spendenopruff fir d’Affer vun der Explosioun lancéiert. Et wier ee schonn zanter laangem am Libanon aktiv, an dofir hätt een och direkt reagéiert. Virun allem mat Iesswuere wéilt een hëllefen, ma och beim Ersetze vu Fënsteren an Dieren, déi jo bei ville Leit duerch d’Explosioun zerstéiert goufen.

Spende soll ee mat der Kommunikatioun “Beyrouth” op de Caritas-Kont: IBAN LU34 1111 0000 2020 0000, oder via caritas.lu

PDF: Schreiwes vu Caritas Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO