Vereenten Natioune mellenOffiziell keng Hongersnout méi an der Gazasträif, Situatioun weider kritesch

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Am August war d'Hongersnout an der Gazasträif ausgeruff ginn. Antëscht hätt sech d'Situatioun de Vereenten Natiounen no awer verbessert an d'Hongersnout wier eriwwer.
Die UNO hat die im August im Gazastreifen ausgerufene Hungersnot für beendet erklärt. Zugleich warnte die UNO, dass die Situation weiter "kritisch" bleibe.
© AFP

D’Ernärungssécherheet an der Gazasträif hätt sech verbessert, esou datt der IPC-Skala fir de Monitoring vum Honger no a kengem Gebitt méi eng Hongersnout gëllt, heescht et e Freideg vun den zoustännegen UN-Experten. D’Lag géing awer weiderhi “kritesch” bleiwen.

Trotz “besserem Zougang fir humanitär a kommerziell Liewensmëttelliwwerunge” stufen d’Vereenten Natioune ganz Gaza weiderhin als “Noufallgebitt” an. Den Experten no wiere bis Mëtt Abrëll viraussiichtlech nach ëmmer ronn 1,6 Millioune Leit am Palästinensergebitt vun enger “krisenaarteger” Ernärungssécherheet betraff.

Déi däitsch Hëllefsorganisatioun Aktion gegen den Hunger huet kritiséiert, datt den Honger an der Gazasträif trotz Waffestëllstand a liicht verbessertem Accès zu humanitärer Hëllef omnipresent bleiwe géing. “75 Prozent vun der Bevëlkerung leit ënner akutem Honger, de Rescht kämpft mat chronescher Liewensmëttelknappheet”, huet d’Organisatioun erkläert. Virun allem d’Felder, déi zerstéiert goufen an déi héich Präisser géingen d’Versuergung erschwéieren. “Eng Këscht Eeër kascht bis zu 26 Euro, wärend 80 Prozent vun de Familljen hir Haaptsource fir Recettë verluer hunn”, sou Aktion gegen den Hunger weider.

Extreem Wiederkonditiounen a beschiedegt Infrastruktur verschlëmmeren deemno d’Situatioun. Kämpfer vun der radikalislamescher Hamas an alliéierte Milizen haten am Oktober 2023 Israel iwwerfall, iwwer 1.200 Mënschen ëmbruecht an eng 250 Leit als Geisele verschleeft. Am Krich, deen duerch den Iwwerfall ausgeléist gouf, sinn der Hamas no iwwer 70.100 Leit ëm d’Liewe komm.

Am August haten d’Vereenten Natioune fir Deeler vun der Gazasträif offiziell eng Hongersnout erkläert. Den IPC-Krittären no gëllt eng Hongersnout, wa vun 10.000 Leit all Dag op d’mannst zwee duerch Honger oder duerch Ënnerernierung verursaacht Krankheete stierwen, wann op d’mannst 30 Prozent vun alle Kanner ënner fënnef Joer akut ënnererniert sinn an ee Fënneftel vun alle Stéit an extreemem Liewensmëttelmanktem leit.

Zanter der Wafferou, déi am Oktober a Kraaft getruede war, goufen d’Limitatioune fir Hëllefsliwwerungen zwar méi labber gemaach, ma den UN no kommen nach ëmmer net genuch Hëllefsgidder am Palästinensergebitt un.

Back to Top
CIM LOGO