WuhanOffiziellen Donnéeën no ginn et keng Neiinfektioune méi

RTL Lëtzebuerg
Zu Wuhan war alles lass gaangen, elo leeft déi chinesesch PR-Maschinerie op Héichtouren, fir den Image vun der Stad nees ze verbesseren.

Nodeems d’WHO d’Pandemie viru 6 Méint offiziell ausgeruff huet, presentéiert sech Wuhan als Gewënnerin géint de Virus. Wärend vill Länner nach mat dausenden Infektiounen den Dag konfrontéiert sinn, gëtt et zu Wuhan, den offiziellen Donnéeën no, keen eenzegen neie Fall an dat wëllen d’Autoritéiten der internationaler Press a Vertrieder vu Multinationale virun An féieren.

Zu Wuhan huet kee méi eng Mask un. Am August hu Leit zu Dausenden an enger Schwemm Party gemaach. Fir Peking de Beweis, datt een de Virus an der Milliounestad mat Succès ënner Kontroll bruecht huet. Déi chinesesch Renommée huet wéinst dem Sars-Cov-2 international staark gelidden. Och zu Wuhan huet d’Ekonomie sech nach laang net erholl. Vill Awunner fäerten och eng zweet Well.

Back to Top
CIM LOGO