Gespréich tëscht Bundeswehr-OffizéierOflauschter-Aktioun duerch "individuelle Benotzungsfeeler" erméiglecht

RTL Lëtzebuerg
Éischten Analysen no konnt d'Gespréich tëscht den Offizéier iwwer den Taurus-System wéinst engem "individuelle Benotzungsfeeler" ofgelauschtert ginn.
De Boris Pistorius
De Boris Pistorius

Zréckzeféiere wier de Feeler op e Participant vun der Konferenz. Dësen hat vu Singapur aus um Gespréich deelgeholl a soll sech net un déi virgeschriwwe Prozedur, fir sech eranzewielen, gehalen hunn.

Den däitsche Verdeedegungsminister schléisst deemno eng Attack vun Hacker op den IT-System aus. De Borius Pistorius dementéiert iwwerdeem d’Rumeuren, datt eng “net-autoriséiert Persoun” un der Telefonskonferenz deelgeholl hätt.

D’Fazit vun den Analyse wier, datt “déi zertifiéiert Systemer bei richtegem Benotze sécher sinn”, betount den däitsche Verdeedegungsminister. Den Extrait vum Gespréich ass dem Pistorius no “en Zoufallstreffer bei enger verdeelter Oflauschter-Aktioun vun de Russen”.

E Freideg hat Russland Extraiten aus enger Konferenz tëscht véier héijen Offizéier vun der däitscher Bundeswehr publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO