FrankräichOnline-Verkafsplattform Shein gëtt net gespaart, Paräis geet an Appell

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Den asiateschen Onlinehändler Shein dierf seng Produiten a Frankräich weiderhi verkafen. E Geriicht zu Paräis huet eng Demande fir eng Spär vun der franséischer Regierung e Freideg ofgeleent.
Der asiatische Onlinehändler Shein darf sein Geschäft in Frankreich fortführen. Ein Gericht in Paris lehnte am Freitag einen Antrag des französischen Staates auf eine dreimonatige Sperre der Plattform ab.
© AFP/Archiv

De franséische Staat hat bei engem Geriicht zu Paräis eng Demande fir eng Spär vun dräi Méint fir d’Verkafsplattform Shein eragereecht. Dës gouf awer e Freideg vum Geriicht refuséiert. Well Shein Offere fir illegal Wueren erofgeholl hätt, géing d’Mesure “deplacéiert” schéngen, heescht et an der Begrënnung fir d’Urteel. D’Geriicht huet awer och betount, datt de Verkaf vun illegale Wueren - dorënner Sexpoppen, déi augesinn hu wéi Kanner, Waffen a Medikamenter - der ëffentlecher Uerdnung immens geschuet hätt.

D’Ermëttlunge vun der franséischer Justiz géint Shein wéinst dem Verkaf vu kannerpornografesche Produite géingen nach ëmmer lafen. Am Fall vun enger Verurteelung dreeën de Responsabele bis zu siwe Joer Prisong an eng Strof an Héicht vun 100.000 Euro. Donieft dreeë jee dräi Joer Prisong an eng Geldstrof vu 75.000 Euro fir de Verkaf vu Waffen a wann den Alter vum User net kontrolléiert gëtt.

Déi franséisch Regierung huet nach e Freideg Widderstand annoncéiert. Paräis wier “iwwerzeegt vum systematesche Risk vum mat Shein verbonnene Modell” a géing dowéinst “an den nächsten Deeg” géint d’Urteel an Appell goen, heescht et an enger Erklärung un d’Noriichtenagence AFP.

Shein begréisst d’Decisioun vum Geriicht. “Eis Prioritéit bleift de Schutz vun de franséische Verbraucher souwéi d’Anhale vun de lokale Gesetzer”, sot e Spriecher vun der Entreprise. A Kooperatioun mat de franséischen Autoritéite sollen d’Kontrollen an Zukunft verbessert ginn. Shein hat sech géint eng méiglech Spär gewiert. An enger Auditioun Ufank Dezember huet d’Entreprise eng politesch a medial Hetzcampagne beklot.

E Grupp vu franséischen Handelsverbänn a Marken hat Shein ausserdeem wéinst onfairer Konkurrenz verklot. Shein hat Ufank November ënner heftege Protester en éischte Buttek zu Paräis géigeniwwer vum Gemengenhaus opgemaach. Kritiker reprochéieren dem Onlinehändler, den europäesche Marché mat bëllege Kleeder ze iwwerschwemmen.

Och aner Online-Plattforme sinn am Viséier vun der franséischer Justiz. Dat deels wéinst illegale Produiten, deels wéinst dem Manktem un Alterskontroll.

Back to Top
CIM LOGO