
Miwwelhaiser, Haushaltsapparater a Material, fir opzebauen, maachen 14,6% méi Ëmsaz. Kleeder- a Schonggeschäfter, nämmlecht wéi grouss Chaînë verléieren awer 16%.
Allgemeng gouf am Eenzelhandel méi kaaft wéi zejoert. Am Juni huet deen 1,4% méi Ëmsaz wéi virun der Kris gemaach. Am Verglach mat 2019 sinn dat fir den Eenzelhandel 5,9% méi Ëmsaz.
Supermarchéë kënne sech och freeën, si hunn ee Plus vun 3,1%. Dogéint hu kleng Liewensmëttelgeschäfter 4% verluer.
Et geet also besser am Juni, ma et wier nach ëmmer fir kleng Geschäfter schwéier wéinst der Corona-Kris.