
Och en Dënschdeg sinn dausenden Demonstranten a Venezuela op d’Stroosse gaangen. Dat well si mengen, dass et bei de Presidentschaftswalen e Sonndeg zu engem Bedruch komm ass. De venezuelanesche Wal-Kommitee hat e Méindeg offiziell annoncéiert, dass de President Nicolás Maduro d’Wal fir sech decidéiert hätt. Hien hätt 51,2 % vun de Stëmme kritt. Säi stäerkste Konkurrent, de 74 Joer alen Diplomat Edmundo Gonzalez Urrutia wier op 44,2 % komm.
Allerdéngs huet de Kommitee keng detailléiert Resultater vun de Wale presentéiert. Aus dem Gonzalez Urrutia sengem Lager heescht et, dass et sech ëm e Fall vu massiver Walfälschung géif handelen. Hire Kandidat hätt a Wierklechkeet 70% vun de Stëmme kritt. Dat wier och unhand vun Ëmfroen, déi mat Leit gemaach goufen, déi grad aus dem Walbüro koumen, ze beweisen.
D’Virgoe vum Wal-Kommitee huet antëscht och international politesch Reaktiounen ausgeléist. Den US-President Biden a säi brasilianeschen Homolog Lula hunn an engem Telefonat festgehalen, dass et wichteg wier, dass déi detailléiert Walresultater komplett verëffentlecht ginn.
Antëscht goufe bei de Protester géint de Maduro am Ganze 750 Leit verhaft. Wéi et vum venezuelanesche Parquet heescht, kréie si Terrorismus, Opruff zum Haass an d’Blockad vun ëffentleche Stroosse reprochéiert.
Op d’mannst 12 Leit solle bis ewell bei den Ausernanersetzungen tëscht den Demonstranten an der Arméi ëm d’Liewe komm sinn, heescht et vun der Noriichtenagence AFP.