
Bei engem Schëffsongléck op de Philippinnen sinn op d’mannst 18 Leit gestuerwen. No 24 Persoune gëtt den Ament nach gesicht, sou e Kommandant vun de Garde-côtes e Méindeg géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.
D’Schëff mat dräi Stäck a méi ewéi 350 Passagéier u Bord ass e Méindegmoien ënnergaangen. Wéi eng Spriecherin vun de philippinnesche Secouriste sot, wier et deen Ament um Wee vun der Insel Minando bei d’Insel Jolo gewiescht. Véier Stonnen nom Ufank vum Trajet hätt d’Schëff dunn en Noutsignal erausgeschéckt. De Grond vum Ongléck ass aktuell nach net gewosst.
Op de Philippinne si Schëffer eent vun de wichtegste Verkéiersmëttel. Ma wéinst Lacune bei de Sécherheetsstandarde kënnt et ëmmer nees zu uergen Accidenter mat Doudesaffer.