Am indesche Bundesstaat GoaOp d'mannst 25 Doudeger no Feier an engem Club

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
An engem bei Touriste beléifte Club am indesche Bundesstaat Goa koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem uerge Brand.

Wéi et vum Regierungsschef vu Goa, dem Pramod Sawant um Onlinedéngscht X heescht, wieren dobäi op d’mannst 25 Leit gestuerwen, dovunner waren “dräi bis véier” Touristen. Och den indesche Premier Narendra Modi huet sech zu Wuert gemellt a seng “déif Trauer” iwwer dat déidlecht Feier geäussert.

Wéi et vum Sawant weider heescht, wieren dräi Persounen u Verbrennunge gestuerwen, déi aner wieren erstéckt. D’Feier war um Hallefnuecht (Lokalzäit) am Club “Birch” an der Gemeng Arpora am Norde vum Bundesstaat ausgebrach. Engem Responsabele vun de lokale Pompjeeën no wier am Club eng Aart “Feiershow” ofgehale ginn, woubäi Deeler vun der Struktur aus Holz Feier gefaangen a mat brennen ugefaangen hätten. Den Damp hätt sech doropshin op dat komplett Gebai ausgebreet.

De Regierungschef vu Goa huet eng Enquête no der geneeër Ursaach vum Brand ugekënnegt. Déi Responsabel géife mat “mat der voller Häert vum Gesetz bestrooft” an all Negligence “konsequent sanktionéiert”. A lokale Medien, déi sech op Aussoe vun der Police beruffen, geet Rieds vun enger “Gasfläschenexplosioun”. Weider Ermëttlunge wieren néideg.

A general view shows the burned nightclub following a fire that broke out last midnight in Goa on December 7, 2025.
© AFP

Déi ganz Nuecht iwwer hu Police a Pompjeeë Rettungsaarbechten duerchgeféiert. Fir Bränn wéi deen heiten z’evitéieren, ginn elo och änlech Lokaler kontrolléiert. De Bundesstaat Goa ass wéinst senge Plagen a sengem Nuetsliewe bei Touristen immens beléift a gëtt all Joer vu Millioune vu Leit besicht.

Wéinst reegelméissege Mëssuechtunge vu Sécherheetsvirschrëften oder Lacunne bei de Bausubstanze kënnt et an Indien heefeg zu gréissere Bränn. Am Mee dëst Joer koum et sou och zu engem gréissere Feier an engem Appartementsgebai an der Grousstad Hyderabad, bei deem op d’mannst 14 Leit gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO