Wéi d’Premierministesch Sanae Takaichi en Dënschdeg de Moie matgedeelt huet, läit d’Zuel vun de Blesséierten aktuell bei op d’mannst 30. Déi japanesch Meteosagence JMA hat d’Bevëlkerung am Viraus scho vun dësem Äerdbiewe virun der japanescher Nordküst gewarnt, deen eng Stäerkt vu 7,5 op der Richterskala erreecht huet. Fir déi nächst Stonnen an Deeg kann et ëmmer nees zu Nobiewe kommen.
“Lauschtert op d’Informatioune vun der JMA a vun de lokalen Autoritéiten déi ganz Woch [...] a kuckt datt der prett sidd, äert Haus ze evakuéiere wann der e Biewe spiert”, sou d’Premierministesch.

Op der nërdlechster Insel Hokkaido huet déi japanesch Katastrophenagence recommandéiert, ronn 28.000 Persounen ze evakuéieren, well hei Welle vu bis zu dräi Meter virausgesot goufen. Ënnert de Blesséierten ass hei aktuell een dovu méi schwéier blesséiert.
Zu Sapporo, der Haaptstad vun Hokkaido, hu Journaliste vun der AFP constatéiert, datt d’Biewen an der Nuecht fir gutt 30 Sekonne staark gerëselt huet. Dobäi si Fënsteren zersprongen, deelweis ass et zu Stroumausfäll, futtisse Stroossen an och Bränn komm. Och d’Zuchlinnen, dorënner déi vum Schnellzuch Shinkansen, goufen annuléiert.
