
Op d’mannst 60 Persoune sinn am Afghanistan an de leschten dräi Deeg wéinst den uerge Wiederkonditiounen ëm d’Liewe komm. Dat mellt déi lokal Autoritéit fir Katastropheschutz. 110 Persoune goufe blesséiert. D’Mënschen hate scho mat de Konsequenze vu staarkem Reen ze kämpfen, ma elo suergt de ville Schéi fir Chaos.
Iwwer 450 Haiser goufen deels oder komplett zerstéiert a ganz Dierfer vun der Aussewelt ofgeschnidden. 360 Famillje solle betraff sinn. 15 vun am Ganzen 34 afghanesche Provënze si vun dësen uerge Wiederkonditioune betraff.