
Bei massive Loftugrëffer op déi ukrainesch Hafestad Odessa sinn offiziellen Informatioune vu lokalen Autoritéiten no op mannst fënnef Leit blesséiert ginn.
An der Nuecht wieren direkt e puer Wunnquartiere getraff ginn, deelt de Chef vun der lokaler Militärverwaltung, de Serhij Lyssak, op Telegram mat.
Déi ukrainesch Loftwaffe hat am Viraus viru russeschen Dronenugrëffer an der Regioun gewarnt, esou dass sech d’Leit konnten a Sécherheet bréngen.