
Bei engem Feier an engem Haus mat dräi Stäck zu Neuves-Maisons, 14 Kilometer vun Nanzeg ewech, sinn an der Nuecht op e Sonndeg op d’mannst fënnef Persounen ëm d’Liewe komm.
An den éischte Meldunge war nach vu véier Doudegen, dorënner eng jonk Fra vun 20 Joer an en Teenager vu 16 Joer, esou wéi zwou Persoune vun 59 a 60 Joer riets. Zwou weider Persoune wiere blesséiert ginn. Kuerz drop koum awer déi traureg Confirmatioun, datt eng weider Persoun hir Verletzungen net iwwerlieft hätt. D’Pompjeeën hate matgedeelt, datt et sech bei de Blesséierten ëm Leit vu 16 an 21 Joer gehandelt huet. Am Laf vum Moie koum d’Confirmatioun, datt den zweeten Teenager un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.
D’Pompjeeë sinn hënt géint dräi Auer op d’Plaz geruff ginn a waren mat 30 Ween an 70 Pompjeeën am Asaz. Si haten de Brand séier ënner Kontroll.