Am Süde vu SpuenienOp d'mannst fënnef Doudesaffer bei engem Zuchaccident

AFP, iwwersat vun RTL
An der spuenescher Provënz Cordoba ass et e Sonndeg zu engem uergen Zuchaccident komm.
© X.com

Wéi déi spuenesch Guardia Civil e Sonndegowend mellt, wieren zwee Zich bei Adamuz an der südspuenescher Provënz Cordoba matenee kollidéiert. Op d’mannst fënnef Persoune wiere beim Accident ëm d’Liewe komm an eng net gewossten Zuel vu Leit wier blesséiert ginn.

Éischten Informatiounen no wier ee vun den Zich entgleist an doropshi mat deem anere kollidéiert.

Back to Top
CIM LOGO