UtrechtOp d'mannst véier Blesséierter bei Explosioun a Feier

AFP, iwwersat vun RTL
No der Explosioun sinn e puer Gebaier agestierzt, véier Mënsche goufe blesséiert. Sou heescht et en Donneschdeg an enger Erklärung vun de Rettungsdéngschter vun Utrecht.
© JEROEN JUMELET/AFP

D’Buergermeeschtesch hat kuerz virdrun erkläert, dass nach Leit ënnert den Iwwerreschter kéinte sinn. D’Ursaach vun der Explosioun ass bis ewell nach onkloer. De Rettungsdéngschter no goufen déi Blesséiert direkt an d’Urgence bruecht.

“D’Pompjeeën ënnersichen den Ament, wéi déi kollabéiert a beschiedegt Gebaier sécher kéinten duerchsicht ginn, fir festzestellen, ob sech nach een do dra befënnt”, sou d’Autoritéiten. An der Ëmgéigend vun der Explosioun wieren “ëmfangräich Schied” gemellt ginn, heescht et weider. D’Gebitt ass der AFP no och ofgespaart ginn, verschidde Stroosse ware voll mat Glasschierbelen.

E Spriecher vun de Pompjeeën huet der Agence ANP no en Donneschdeg vun enger “gigantescher Explosioun” geschwat. Op Videoen ass ze gesinn, wéi Damp iwwert dem historesche Stadzentrum an d’Luucht geet, sou wéi Stécker vun Haiser, déi op der Strooss louchen.

D’Spidol zu Utrecht huet dann och en Urgence-Trauma-Zentrum ageriicht. D’Rout Kräiz huet Fräiwëlleger opgeruff, sech sou séier et geet op dës Plaz ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO