Zu Minsk sinn haut op en Neits Dausende Leit op d’Strooss gaangen, fir géint dat ëmstriddent Walresultat vum President Alexander Lukaschenko ze protestéieren. Dëse soll jo bei de Wale lescht Woch ganzer 80 Prozent vun de Stëmme kritt hunn. D’Oppositioun schwätzt kloer vu Bedruch a fuerdert de Récktrëtt vum President, deen zanter 26 Joer en autoritäre Regimm am Belarus féiert.
D’EU-Ausseminister hunn e Freideg gréng Luucht fir Sanktioune géint Belarus ginn an déi baltesch Länner Litauen, Estland a Lettland fuerderen Neiwalen, déi da vun internationalen Observateuren iwwerwaacht solle ginn.
Nieft den Dausenden Demonstranten a Wäissrussland selwer, sinn haut och hei zu Lëtzebuerg eng Rei Leit op d’Strooss gaangen, fir géint d’Walresultat ze protestéieren an hir Solidaritéit mat de Wäissrussen auszedrécken.
Ee vun hinnen ass de Michael Kucherov, deen hei zu Lëtzebuerg politescht Asyl kritt huet.
Wéinst deene massive Protester huet de Lukaschenko haut mam russesche President Putin telefonéiert. No dësem Gespréich huet et aus Russland geheescht, dass béi Presidenten zouversiichtlech wieren, dass d’Problemer geschwënn alleguer geléist wieren.