SpuenienOp en Neits 3 Doudesaffer bei engem Feier an engem Héichhaus

RTL Lëtzebuerg
Knapps zwou Wochen nodeems et bei engem Feier an engem Héichhaus zu Valencia Doudeger gouf, ass et a Spuenien nees zu engem déidleche Feier komm.
© BURAK AKBULUT / ANADOLU AGENCY / Anadolu via AFP

3 Mënsche sinn e Méindeg bei engem Feier an engem Héichhaus zu Villajoyosa an der Géigend vun Alicante ëm d’Liewe komm. 15 Persoune koume mat liichten Dampvergëftungen an d’Spidol.

Bei den Doudesaffer handelt et sech ëm e Mann, dësem seng Mamm an dësem säi Bouf. Dat huet de Buergermeeschter vun Alicante Marcos Zaragoza confirméiert. Wéi déi lokal Autoritéite matgedeelt hunn, wier d’Feier an der Nuecht op e Méindeg op der 11. Etage vun engem Gebai vu 24 Stäck ausgebrach. Ronn 120 Mënschen hätte kéinten a Sécherheet bruecht ginn.

D’Ursaach vum Brand ass aktuell nach net gewosst.

Eréischt den 22. Februar ware bei engem Feier an engem Héichhaus zu Valencia 10 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO