
An der Nuecht op e Samschdeg goufen et op en neits Attacken am Jemen, nodeems d’USA a Groussbritannien déi Nuecht virdru scho Positioune vun den Huthi-Rebellen do attackéiert haten. Der amerikanescher Arméi no wier eng Radarstatioun vun de Rebellen attackéiert ginn.
Nodeems Huthi-Rebelle wéinst dem Krich a Gaza ëmmer nees Handelsschëffer am Roude Mier an d’Viséier geholl haten, hu Washington a London an der Nuecht op e Freide scho mat Loftattacke reagéiert. Den US-President Biden huet vun engem Succès geschwat. Hie géing net mengen, datt dobäi ee gestuerwe wier. D’Miliz huet mat enger Reaktioun gedreet, den USA no wier méi spéit och eng Anti-Schëffs-Rakéit ofgeschoss ginn.
Am Jemen gëtt et e Biergerkrich, an deem zanter 2015 och aner Länner awierken, d’Situatioun am Land gëllt als eng vun de gréissten humanitäre Krisen op der Welt.