
An der italienescher Haaptstad Roum hu sech e Samschdeg den Owend e puer honnerte Mënschen am Stadzentrum versammelt. Well e puer Demonstrante mat Fläschen a Knupperte geschoss hunn, koum et zu Ausernanersetzunge mat der Police. A verschiddene Groussstied koum et no de Protester zu Vandalismus. Butteker goufen ausgeraibert. Déi uergsten Onroue gouf et zu Madrid, wou d’Manifestanten “Fräiheet” skandéiert a Poubellen a Brand gestach hunn.
E Freideg schonn war et zu Florenz bei Protester zu Gewalt komm. D’Police wollt do ronn 200 Mënschen drun hënneren, sech fir eng autoriséiert Demonstratioun op der Piazza della Signoria am Zentrum ze versammelen. D’Manifestanten hu mat Molotowcocktailen, Fläschen a Steng geschoss, Poubelle goufen ëmgehäit a Sécherheetskameraen zerstéiert. 20 Mënsche goufe festgeholl.
An de leschten Deeg koum et schonn zu Bologna, Mailand, Neapel an Turin zu brutale Protester.
Zu Barcelona a Spuenien hunn d’Demonstranten mat Steng op d’Beamte geschoss. De spuenesche Ministerpresident Pedro Sanchez huet d’Protester kritiséiert. “Nëmme mat Responsabilitéit an Eenheet géif een d’Pandemie an de Grëff kréien”, huet de sozialistesche Regierungschef getwittert.
Italienesche Medien no géing de Ministerpresident Giuseppe Conte trotz den Demonstratiounen iwwer weider Mesuren nodenken. Zum Beispill wier e Lockdown fir Groussstied wéi Roum a Neapel an der Diskussioun. Och e nationale Couvre-feu kéint an dat neit Gesetz, dat bis e Méindeg den Owend soll ënnerschriwwe ginn, opgeholl ginn.
Dem leschte Bulletin vum italienesche Gesondheetsministère no wier fir 5 Deeg noeneen e Rekord vun den Neiinfektioune registréiert ginn. Et goufe bal 32.000 nei Fäll confirméiert, 297 Persoune si bannent 24 Stonne gestuerwen. Et géing keng Regioun ouni nei Doudesfäll ginn, ass am leschte Bulletin vun e Samschdeg ze liesen.
