GeorgienOp en Neits Protester géint Gesetz géint "auslänneschen Afloss"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend sinn a Georgien op en Neits dausende Leit géint dat geplangte Gesetz géint "auslänneschen Afloss" op d'Stroosse gaangen.
© VANO SHLAMOV AFP

Wéi e Journalist vun der Noriichtenagence AFP mellt, sinn d’Demonstranten an der Haaptstad Tiflis virun den Inneministère gezunn. Nieft en Enn vum Gesetz, hu si ënner anerem d’Fräiloossung vu Persoune gefuerdert, déi bei de viregten Demonstratioune festgeholl goufen. Wéi et weider vun der AFP heescht, hätte vill Manifestanten de georgeschen awer och de Fändel vun der EU am Grapp gehat.

Wourëms geet et bei de Protester?

D’Protester a Georgie riichte sech géint e geplangte Gesetz mat deem den “Afloss vun auslänneschen Agente” soll bekämpft ginn. Dëst gesäit fir, dass Organisatiounen a Medien, déi op d’mannst zu 20 Prozent aus dem Ausland finanzéiert ginn, sech als Organisatiounen “déi auslännesch Interessie verfollege” musse registréieren. Deen Ament misste si sech och vun de georgeschen Autoritéite kontrolléiere loossen.

Kritiker no géif d’Gesetz et der georgescher Regierung et erméiglechen, géint kritesch Medien an ONGen virzegoen, sou wéi dat wéinst engem änleche Gesetz a Russland de Fall ass. Och d’EU, UN an d’NATO haten d’Gesetz ferm kritiséiert an d’Regierung zu Tiflis opgeruff, hire politesche Wee ze iwwerdenken.

Legislativen Hin an Hier

Nodeems a Georgien schonn zanter Woche géint d’Gesetz protestéiert gouf, hat d’Parlament dëst d’leschten Dënschdeg gestëmmt. Ma kuerz drop hat déi georgesch Presidentin hire Veto ageluecht, sou dass d’Gesetz virleefeg net a Kraaft konnt trieden. Elo huet d’Parlament annoncéiert, dass een d’nächste Méindeg en Prozedur an d’Weeër leede wäert, fir de Veto vun der Presidentin ze iwwerstëmmen.

Back to Top
CIM LOGO