A Frankräich ass d’Situatioun eng aner wéi zu Lëtzebuerg. Quasi d’Hallschent vun den Departementer sinn den Ament als Zone rouge klasséiert. An ëmmer méi Stied ass et dowéinst obligatoresch, fir op ëffentleche Plazen an an de Stroossen e Mask unzedoen. Och zu Metz ass dat zanter en Donneschdeg zu gewëssenen Auerzäite Virschrëft. Wéi kommen dës Mesurë bei der Populatioun un? A wéi gutt gëtt sech un déi nei Virschrëfte gehalen? Eng Ekipp vu “5 minutes” war viru kuerzem zu Nanzeg mat der lokaler Police op “Maske-Patrull”.
D’Place Stanislas zu Nanzeg. Wien hei driwwer trëppele wëllt, muss zënter Ufank August e Mask undoen. An der éischter Phas war de Stadzentrum vun dëser Mesure betraff, Ufank vun dëser Woch gouf de Perimeter, wou de Mask virgeschriwwen ass, esouguer nach erweidert.
Déi lokal Police kontrolléiert, ob sech och wierklech korrekt un d’Reegele gehale gëtt. Dacks géif et Diskussioune ginn, wat legal ass, a wat net.
Well d’Reegele vu Stad zu Stad ganz verschidde sinn, mussen d’Poliziste virun allem informéieren an opklären. Virun allem an der Vakanzenzäit, wou vill Touristen zu Nanzeg ënnerwee waren. Wien et net verstoe wëllt, riskéiert, Léiergeld bezuelen ze mussen.
135 Euro Strof. Virun der Kamera wollten d’Polizisten awer net verroden, wéi dacks se esou e PV wierklech schreiwen.
Och a Frankräich gëtt leidenschaftlech iwwert de Sënn an Zweck vun de Masken diskutéiert. A verschiddene Stied gouf et esouguer e Recours géint dës nei Obligatiounen. De franséische Conseil d’Etat huet d’Maskeflicht awer confirméiert.
Ausname sinn och zu Nanzeg erlaabt a vun deene gëtt, wéi et schéngt, och profitéiert. D’Beamten, esou hu si eis verroden, hunn den Androck, dass méi Leit fëmme géifen, well wien eng Zigarett am Grapp huet, ass vun der Maskeflicht entbonnen.
