
Bei den US-Demokraten heescht de Kandidat fir d’Presidentiellen vum 3te November jo offiziell Joe Biden. Bei de Republikaner ass et offiziell nach keen, och wann d’Nominatioun vum Donald Trump just Formsaach ass. A genee déi soll dës Woch geschéien.
Um Méindeg fänkt zu Charlotte, am Bundesstaat North Carolina, nämlech de republikaneschen Nominéierungs-Parteidag un, deen 4 Deeg wäert daueren.
Anescht wéi dat bei den Demokraten d’lescht Woch de Fall war, déi hire Parteidag, Covid-bedéngt, quasi integral virtuell ofgehalen hunn, wäerten hei och Delegéiert perséinlech ureesen.
Seng Nominéierungsried wëll den Donald Trump en Donneschdeg iwwregens aus dem Oval Office am Wäissen Haus eraus halen, wat och an eegene Reien net onëmstridden ass. Walkampf-Optrëtter um Siège vum President sinn u sech tabu.