USAOptakt vun der "National Conventioun" vun den Demokraten

RTL Lëtzebuerg
Zwee an en hallwe Mount virun de Presidentiellen an den USA, fänkt dëse Méindeg den Nominéierungsparteidag vun den Demokraten un.

Deen dauert ganzer 4 Deeg, an ass zu Milwaukee, am Bundesstaat Wisconsin.

Déi sougenannten “National Convention” kënnt beieneen, déi den Joe Biden offiziell als den demokrateschen Presidentschaftskandidat soll designéieren, an d’Kamala Harris als Kandidatin fir de Poste vun der Vize-Presidentin.

Wéinst der Corona-Pandemie hunn d’Demokraten decidéiert, de Parteidag gréisstendeels virtuell ze organiséieren. Déi allermeescht Partei-Delegéiert kommen net perséinlech op Milwaukee, an och d’Riedner, wéi beispillsweis d’Ex-Presidente Clinton an Obama, gi via Video-Message erageschalt.

En Donneschdeg hält den Joe Biden seng Nominéierungsried.

De Parteidag vun de Republikaner fänkt dann an enger Woch un.

Optakt vun der Bréifwal ass dann de 4. September, ier et tëscht Enn September an Enn Oktober 3 offiziell TV-Debaten tëscht dem Biden an dem Trump wäert ginn. Offizielle Wal-Dag ass dann den 3. November.

Back to Top
CIM LOGO