
Enn Mäerz hat d’Parlament zu Budapest mat de Stëmme vum Orban senger Fidesz-Partei e ganz ëmstriddent „Anti-Coronavirus-Defense-Gesetz“ guttgeheescht, dat dem ungaresche Premier Viktor Orban erlaabt huet, säi Land per Dekreet ze regéieren. E Freideg huet den Orban dunn annoncéiert, datt d’Dekreet réckgängeg gemaach géif ginn an domat d’erweidert Pouvoirë vu senger Regierung dëse Mount erëm ofgeschaaft ginn.
D’Corona-Dekreet hat fir hefteg Kritik vun der Oppositioun an och vun aneren EU-Staate gesuergt. Der ungarescher Regierung gouf reprochéiert, hir politesch Muecht ze mëssbrauchen an domat Medien ënner Drock ze setzen.
De Viktor Orban huet gesot, datt déi déi Ungarn onfair kritiséiert hätten, sech kéinten entschëllegen, wann d’Regierung elo hir Vollmuecht ofgëtt.
