Sécher reesenOuni Vaccin kee Ballermann oder Party-Tourismus op Mallorca

RTL Lëtzebuerg
Déi kuerz Ballermann-Saison op der Mëttelmier-Party-Insel Mallorca steet kuerz virum Aus.

Wéi d’Regionalpresidentin Francina Armengol der „Berliner Morgenpost” géintiwwer sot, géing versicht ginn, d’Reouverture vu Clibb, Baren a Party-Lokaler an d’Längt ze zéien. Op dës Manéier wéilt een den Infektiounsrisiko kontrolléieren an esou kleng wéi méiglech halen. De Ballermann dierf eréischt nees opgoen, wann et e Corona-Impfstoff gëtt, seet d’Francina Armengol.

Eng Katastroph fir vill Museker, déi vun den Optrëtter an der Schinkenstraße liewen. Et ass nämlech och net gewosst, ob d’Party-Saison nächst Joer nees wäert normal oflafen. Scho virun der Corona-Kris goufen et Efforten, fir de sougenannten “Sauf-Tourismus” zu El Arenal a Magaluf, déi virun allem bei däitschen a britteschen Touriste beléift sinn, anzeschränken. Domat wéilt een och virufueren, esou d’Francina Armengol.

Weider betount d’Regionalpresidentin am Interview mat der „Berliner Morgenpost”, datt fir d’Insele prett fir d’Saison wieren an datt een duerch d’Preventioun am Gesondheetssystem an an den Hotellen d’Sécherheet vun den Touriste garantéiere kéint. D’Touriste kréien d’Temperatur gemooss, wa si um Flughafen ukommen. An zouene Raim an op beléiften ëffentleche Plazen ass de Mondschutz obligatoresch. Op der Plage dierf een net zu méi wéi 15 zesummesëtzen an et muss een op d’mannst 2 Meter Ofstand zu anere Gruppen halen. Et géifen och Kontrolle gemaach ginn, ob d’Leit sech dorun halen.

Vun nächstem Méindeg un, dem 15. Juni, solle schonn e puer Dausend Touristen an enger Testphas areesen dierfen. Dat ass zwou Wochen éischter wéi déi offiziell Ouverture fir d’Touristen. D’Sécherheetsprotokoller, déi dono fir all d’Touriste gëllen, sollen esou getest ginn. Déi däitsch Touriste sollen a bestëmmten Hotelle schlofen, meeschtens un der Playa de Palma.

Back to Top
CIM LOGO