
Bistroen a Caféë mussen domadder nees ganz zoumaachen an a Restaurante ginn d’Restriktiounen nach emol verschäerft.
Restauranten dierfe weider Leit empfänken, allerdéngs gouf méi e strenge sanitäre Sécherheetsprotokoll ausgeschafft un deen, d’Restaurateure sech mussen halen. Dat huet de „Préfet de police“ vu Paräis, Didier Lallement, e Méindeg am spéide Moien annoncéiert.
Dat alles well, wéi gesot, d’Zuele vun den Neiinfektioune mam Coronavirus an der Lescht erëm geklomme sinn a well een eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem wëll evitéieren. Aktuell wiere scho 36% vun de Better op den Intensivstatioune beluecht, wéi de Generaldirekter vun der ARS vu Paräis, Aurélien Rousseau, betount.
“C’est une hausse qui s’accélère de semaine en semaine. Au-delà des lits de réanimation dont les lits d’hospitalisation conventionnels, l’augmentation est forte là aussi. On a aujourd’hui en Île-de-France 2328 patients avec le Covid, qui sont hospitalisés. Le nombre des patients entrants est en progression constante et nous retrouvons les chiffres que nous connaissions à la fin du mois de mai. “
Allgemeng gi grouss Rassemblementer limitéiert. Am ëffentleche Raum dierfen deemno net méi wéi 10 Leit zesummekommen. Ausname gëllen zum Beispill fir Demonstratiounen, Begriefnesser, Wochemäert a gréisser Chantieren. Ausserdeem si vun en Dënschdeg un all Foiren a Salone verbueden an och Sportshalen a Piscinne bleiwen zou. Eenzeg Ausnam gëllt hei fir Mannerjäreger, zum Beispill am Kader vum Schoulsport.
Dës Restriktioune gëlle vun en Dënschdeg fir déi nächst zwou Wochen a géifen dann nei evaluéiert ginn.

An der tschechescher Republik gëllt zanter Hallefnuecht op en neits den nationalen Corona-Noutstand. Esou kann d’Regierung , ënnert anerem, Biergerrechter ewéi d’Versammlungsfräiheet aschränken an och soss Mesuren ouni Accord vum Parlament duerchsetzen. D’Grenze sollen awer op bleiwen.
Gutt Covid-Nouvellë kommen dann aus Neiséiland. An der Milliounestad Auckland, wäert et vun e Mëttwoch u keng Restriktioune méi ginn, no 10 Deeg ouni positive Fall.
D’Premierministesch Ardern huet awer weider un d’Eegen-Disziplin vu jidder Awunner appelléiert.