HongkongPatient 2 Mol positiv getest bannent 4,5 Méint

RTL Lëtzebuerg
Och an Holland an an der Belsch soll et zwee geheelte Corona-Patiente ginn, déi sech nees mam Virus infizéiert hunn.

Nouvellen déi net erfreelech sinn, komme vun Hongkong, wou eng zweet Infektioun bei engem Patient wärend just 4 an engem hallwe Mount festgestallt gouf. Den Institut fir Mikrobiologie vun der Uni Hongkong huet dat e Méindeg offiziell confirméiert.

Deemno wier en 33 Joer ale Mann Enn Mäerz positiv op Covid-19 getest ginn, well hie kloer Symptomer hat. Nodeems en nees gesond war gouf en zwee mol negativ op de Virus getest. De 15. August dunn, wier awer e wiederen Test nees positiv ausgefall, nodeems hien no engem Openthalt a Spuenien nees Heem koum.

Genetesch Analysen hätten erginn, dass d’Infektioune vun zwee verschiddenen Virus-Stämm ausgeléist gi wieren.

De Fall géif beleeën, dass och no enger Covid-Infektioun, eng Immunitéit net onbedéngt vu laanger Dauer wier.

Déi ganz Etüd soll geschwënn am US-amerikaneschen Medezin-Fachblat „Clinical Infectious Diseases“ publizéiert ginn.

Patienten an Holland an an der Belsch op en Neits infizéiert

Medien no solle sech och an Holland an an der Belsch zwee geheelte Corona-Patienten nees mam Virus infizéiert hunn. Beim hollännesche Patient handelt et sech ëm eng eeler Persoun mat geschwächtem Immunsystem, de Patient aus der Belsch hätt liicht Symptomer, sou déi hollännesch Chaîne NOS, déi sech op Aussoe vu Virologe bezéien.

De Fall vum Patient aus der Belsch géing weisen, datt Antikierper, déi dëse bei der Infektioun entwéckelt huet net duerginn, fir eng zweet Infektioun mat enger liicht anerer Variant vum Virus ze vermeiden, sou de Virolog Marc Van Rast. “Dat si keng gutt Noriichten.” Hien huet och nach gesot, datt et den Ament onkloer ass, ob esou Fäll seele sinn oder ob et vill Mënsche ginn, déi sech no sechs oder siwe Méint nees ustiechen.

Back to Top
CIM LOGO