Lockdown an 11 QuartierenPeking huet grouss Angscht virun enger zweeter Coronawell

RTL Lëtzebuerg
D'Autoritéiten hunn Deeler vun der chinesescher Haaptstad komplett ofgespaart, well et Dosenden nei Infektiounsfäll ginn.

An 11 Quartieren, am Süde vu Peking, kruten d’Leit verbueden, hir Wunnengen ze verloossen.

Dës nei Infektioune stinn am Zesummenhang mat engem grousse Maart fir Fleesch a Fësch, heescht et vun offizieller Säit.

Et goufe Massentester ordonéiert.

Eng 2.000 Leit, déi um Maart hir Wuere verkafen, goufe getest, op d’mannst 45 Resultater wiere positiv gewiescht.

D’Autoritéiten hunn annoncéiert, alleguer d’Leit ze testen, déi zënter dem 30. Mee enke Kontakt mam betraffene Maart haten.

Back to Top
CIM LOGO