
Déi brittesch Police erkennt un, dass d'Perquisitiounen, déi am Februar no der Festnam vum Andrew Moundbatten-Windsor gemaach goufen, illegal waren. Dat huet e Geriicht zu London en Donneschdeg matgedeelt. Dat nämmlecht Geriicht hat d'Perquisitioune schonn den 22. Juli annuléiert. Domat ass et enger Plainte, déi vum Moundbatten-Windsor sengen Affekoten agereecht gouf, nokomm.
De Brudder vum brittesche Kinnek Charles III. war am Februar am Kader vun enger Enquête iwwer seng Roll an der Epstein-Affär festgeholl ginn. No der Festnam huet d'Police dann och eng Perquisitioun um fréiere Wunnsëtz vum Moundbatten-Windsor um Terrain vum Schlass Windsor an a senger Residenz zu Sandringham duerchgefouert.
An dem Kontext heescht et allerdéngs vum zoustännege Riichter, dass de Fait, dass d'Mandaten, op deenen hirer Basis duerchsicht gouf, illegal waren, net bedeite géing, dass déi ganz Enquête illegal war.
Vun der Police aus dem Thames Valley heescht et an engem Communiqué, dass ee géing akzeptéieren, dass dat ursprénglecht zoustännegt Geriicht d'Mandater fir d'Perquisitiounen am Februar opgrond vun enger legaler Basis, déi net applicabel war, ausgestallt hätt. Deementspriechend géif een d'Decisioun vum Londoner Geriicht, d'Perquisitioun ze annuléieren, akzeptéieren. Et géif een awer rechtlech Schrëtt aleeden, fir d'Beweismëttel, déi am Kader vun de Perquisitioun séchergestallt goufen, behalen ze kënnen. Iwwerdeems géing een d'Enquête géint den Andrew-Moundbatten weiderféieren.