
De Parquet hat e Freideg matgedeelt, dass 9 Reklamatioune géint Regierungsmembere fir zouverlässeg erkläert goufen. D’Virwërf riichte sech nieft dem Philippe och géint déi fréier Gesondheetsministeren Agnès Buzyn an hiren Nofolger Olivier Véran. Den dräi Politiker gëtt reprochéiert, net genuch gemaach ze hunn, fir eng Katastrophe ze bekämpfen. D’Enquête gëtt vum Geriichtshaff vun der Republik - CJR - gemaach.

E Freideg war déi franséisch Regierung ënnert dem Edouard Philippe jo zeréckgetrueden. Den 55 Joer alen Jean Castex iwwerhëlt de Poste vum Premierminister. De President Macron huet domat op d’Defaite vun e Sonndeg bei de Kommunalen reagéiert.