
Besonnesch d’Sécherheetsdistanz ass eng vun de wichtegste Mesure géint d’Verbreedung vum Virus, zemools a Groussbritannien, wou de Covid-19 vill Affer gefuerdert huet. Ma dat huet vill Leit op der Plage zu Bournemouth net gestéiert. Och d’Schëlder, op deenen d’Autoritéiten de Social Distancing recommandéieren, hunn näischt bruecht, fir d’Masse vu Leit vun der Plage ewech ze halen.
Um Site vun der brittescher Zeitung Independent seet d’Vikki Slade, déi liberal demokratesch Cheffin vum Staatsrot, d’Behuele vun de Britten géif si “uneekelen”. Eng konservativ Politikerin aus dem Conseil sot souguer, si wier vernannt ginn an et hätt een op si gespaut. D’Politik an der Regioun géif alles maachen, fir datt d’Leit d’Sécherheetsmesuren anhalen, mä dat géif einfach näischt bréngen.
En Donneschdeg am fréie Moie ware keng Leit méi do, ma se hate vum viregten Dag genuch Dréck do gelooss. Och dëst huet op de Soziale Medie fir Opreegung gesuergt.
Och op anere Plaze, wéi zum Beispill zu Southend on Sea, waren d’Plagen iwwerfëllt. A Groussbritannien sinn iwwer 43.000 Mënschen um Coronavirus gestuerwen. Och wann d’Zuel vun den Infektiounen erofgeet, sinn am Deconfinement nach vill Hygiènesmesuren en Place. An awer schéngen op d’mannst d’Leit op der iwwerfëllter Plage zu Bournemouth ze mengen, d’Kris wier scho ganz eriwwer.
