Krich tëscht Russland an der UkrainPläng fir eng militäresch Ofsécherung am Fall vum Waffestëllstand gi konkret

AFP, iwwersat vun RTL
Eng entspriechend Erklärung gouf och vum franséische President Macron, dem brittesche Premier Starmer an dem ukrainesche President Selenskyi en Dënschdeg ënnerschriwwen.
© LUDOVIC MARIN/AFP

D’Pläng fir eng international militäresch Ofsécherung fir d’Ukrain, am Fall vun engem Waffestëllstand mat Russland, konkretiséieren sech. Bei den ominéise Sécherheetsgarantien ass sech d’Koalitioun vun de Wëllegen, also déi 35 westlech Länner déi d’Ukrain ënnerstëtzen, eens ginn. Frankräich a Groussbritannien sote sech allebéid bereet, fir Truppen an der Ukrain ze stationéieren, mat eegenen Militär-Basen.

Eng entspriechend Erklärung gouf och vum franséische President Macron, dem brittesche Premier Starmer an dem ukrainesche President Selenskyi en Dënschdeg ënnerschriwwen. Aner Länner, notamment Däitschland, wëlle keng Zaldoten direkt an d’Ukrain schécken, mä se an Nopeschlänner stationéieren. Wéi genee dat soll ausgesinn, doriwwer misst de Bundestag decidéieren, wann et bis souwäit ass, sot de Bundeskanzler Merz en Dënschdeg.

Lëtzebuerg wäert och säin Deel bäisteieren, huet eis de Premier Luc Frieden erkläert. Zwar och net mat Buedemtruppen, mä et wéilt een am Beräich vum Loftraum hëllefen. Virun allem via Satellitten a Kommunikatioun-Outilen, also do wou Lëtzebuerg eng richteg Stäerkt hätt, sou de Premier.

Luc Frieden - Satellitten a Kommunikatioun-Outilen aus Lëtzebuerg

D’USA wäerten och keng eegen Truppen an d’Ukrain schécken, wäerten awer iwwerwaachen, op sech am Fall wou, un e Friddensdeal gehale gëtt.

Vu russescher Säit gëtt et bis ewell nach keng Reaktioun op dat Ganzt. Den iwwerfall op d’Ukrain gouf awer ënnert anerem dermat begrënnt, dass een verhënneren wéilt, dass d’NATO sech weider no Osten ausbreet. Dohier ass et schwéier virstellbar, dass Moskau elo d’Präsenz vu britteschen a franséischen Truppen an der Ukrain als Deel vun engem Friddensaccord wäert acceptéieren.

Back to Top
CIM LOGO