
D’Regierung hat e Stopp vun de Grenzkontrollen decidéiert, zanter Hallefnuecht ginn dann och keng méi gemaach, dat mellt déi polnesch Noriichtenagence PAP.
Als Grond huet den Inneministère uginn, datt sech d’Migratiounssituatioun op der sougenannter Balkanroute stabiliséiert hätt. D’Lag géing awer weider suivéiert ginn.
Polen an d’Slowakei gehéieren allebéid zum Schengenraum, an dësem sinn am Prinzip keng Grenzkontrolle virgesinn. Fir déi illegal Migratioun ze bekämpfen haten awer méi EU-Länner an de leschte Jore ëmmer nees zäitweis Grenzkontrolle géint déi jeeweileg Nopeschlänner agefouert.
Polen hat d’Kontrollen de 4. Oktober ugefaangen.