BerlinPolice fënnt no Waasserfuite gréisser Cannabisplantage

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng Waasserfuite an enger Wunneng hunn e Sonndeg d'Pompjeeën an d'Police zu Berlin eng gréisser Drogeplantage fonnt.
© AFP (Archiv)

An engem Appartementshaus am Véierel Prenzlauer Berg zu Berlin hat eng Bewunnerin e Sonndeg d’Pompjeeë kontaktéiert, well Waasser duerch de Plaffong an hir Wunneng gedrëpst ass. Fir d’Waasser ze stoppen, huet d’Police d’Dier vun der Wunneng opgebrach an dobäi e staarke Cannabisgeroch festgestallt.

Bei enger Perquisitioun vun der Wunneng hunn d’Beamte 40 Cannabisplanzen, zwou Këschte mat gedréchente Planzen, Som an och eng Belëftungs- an eng Bewässerungstechnik fonnt. Géint de 64 Joer ale Locataire vun der Wunneng gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO