
Déi streng Moossnamen, dorënner eng limitéiert Zuel u Participanten, Sécherheetsofstand anhalen oder Maskeflicht goufe vun de Leit zum gréissten Deel ignoréiert. Déi däitsch Police huet missen zu München an Hannover intervenéieren an d’Protester fréizäiteg stoppen, well géint d’Hygiènes- a Sécherheetsmesurë verstouss gouf.
An der bayrescher Stad München gouf eng Versammlung mat bis zu 500 Leit erwaart, d’Police schwätzt awer vu ronn 3.000 Participanten. Eng 1.400 Beamte waren am Asaz, fir d’Situatioun am Grëff ze halen an eng Eskalatioun, wéi déi zu Berlin, ze verhënneren.
Och op der Theresienwiese hu sech méi Persoune versammelt wéi ugekënnegt. Vun der Spriecherin vun der Police heescht et, dass ëm 10.000 Persounen op der Plaz gewiescht wieren. No enger Stonn huet d’Evenement missen ënnerbrach ginn: D’Ofstandsreegelen an d’Maskeflicht goufen net respektéiert.

Net just zu München, mä och beim “Walk to Freedom” zu Hannover gouf sech net un d’Sécherheetsvirschrëfte gehalen. Vill Awunner hunn e Mond- an Nueseschutz verweigert. Nodeems d’Demonstranten hire Mask gezwongenermoossen hu missen undoen, konnt d’Protestaktioun weider goen. D’Zuel vu Participantë louch der lokaler Police no bei knapp 1.100 Leit.
Ënnert den Demonstrante ware Persounen, déi d’Corona-Pandemie als “Fake-Pandemie” bezeechent hunn. Och Mamme vun der Initiativ “Eltern sehen auf” waren ënnert de Géigner. Op hiren T-Shirte ware Spréch wéi “Gegen Impfpflicht, Maulkorb, Staatsgewalt, Lügenpresse, Volksverräter” ze liesen.
Zu Wiesbaden an Hessen waren däitlech manner Leit bei der Manifestatioun dobäi. D’Police schwätzt vu ronn 150 Membere vun der “Querdenken"-Initiativ.
