Onrouen a PolenPolice léist Anti-Regierungs-Demonstratioun mat Tréinegas op

RTL Lëtzebuerg
Déi polnesch Police huet e Samschdeg eng Anti-Regiungs-Demonstratioun opgeléist, och Tréinegas koum zum Asaz.

D’Demonstranten hate sech trotz engem Verbuet wéinst der Corona-Pandemie an der Haaptstad Warschau versammelt. D’Police huet Tréinegas géint Honnerte vu Leit agesat, déi géint d’verletze vun de Biergerrechter, wéi och déi ze niddereg finanziell Ënnerstëtzung vum Staat an der Corona-Kris protestéiert hunn.

Mëtt Mäerz gouf am Kader vun der Coronavirus-Pandemie d’Versammlungsfräiheet ageschränkt.

Back to Top
CIM LOGO