
Wéi d’Fra op d’Opfuerderunge vun der Police net reagéiert huet, hunn zwee Polizisten aacht Schëss ofginn. Doropshi gouf si mat schwéiere Verletzungen, dovun enger liewensgeféierlecher um Bauch, an d’Klinick bruecht. De Virfall huet sech an enger Gare ofgespillt.
D’Fra hat en Hidschab un a war komplett verschleiert. Den Zeienaussoen no hätt si sech “aggressiv an dschihadistesch” geäussert, seet de Regierungsspriecher Olivier Véran. An der Statioun “Bibliothèque François Mitterand” konnt d’Fra schliisslech gestallt ginn.
D’Polizisten op der Plaz hätten d’Fra op d’Säit geholl a si opgefuerdert, sech ze berouegen. No den Informatioune vum Paräisser Policechef Laurent Nunez, hätt d’Fra net kooperéiert a sech weder op de Buedem gesat, nach hir Hänn gewisen.
Bei der Fra konnte kee Sprengstoff um Kierper oder aner Waffe fonnt ginn. De Laurent Nunez seet, dass et sech ëm eng franséisch Staatsbiergerin handelt. Am Juli 2021 huet si zwee Zaldote mat engem Schrauwenzéier menacéiert a “Bemierkunge mat reliéisem Contenu gemaach”. Doropshi war si festgeholl ginn an an eng psychiatresch Behandlung iwwerwise ginn.
Nom Virfall um Dënschdeg goufen Ermëttlunge géint d’Fra wéinst “Doudesmenacen an Aschüchterung” an d’Weeër geleet. Den Departement fir intern Ermëttlungen ënnersicht aktuell de Gebrauch vun der Schosswaff vum betraffene Polizist.
Zanter dem Terrorugrëff vum 13. Oktober befënnt Frankräich sech an erhéichter Alarmbereetschaft. Op dësem Dag gouf de Franséischproff Dominique B. an der nordfranséischer Stad Arras erstach. Dräi weider Mënsche goufe verletzt.