Messerattack a Schoul a Frankräich - 1 Doudegen an 3 Blesséierter

© AFP
An engem franséische Lycée an der Stad Arras ass et e Freideg zu enger Messerattack komm.
Een Enseignant ass dobäi ëm d'Liewe komm. Dräi Persoune goufe blesséiert, ënnert hinnen ee weideren Enseignant, dee schwéier verwonnt gouf, eng Persoun vum Sécherheetspersonal, déi a Liewensgefor schwieft, an nach e weidere Mataarbechter vun der Schoul. Der Police no soll kee Schüler zu Schued komm sinn.
Den 20 Joer ale Mann a fréiere Schüler vun deem Lycée ass kuerz no der Dot festgeholl ginn. Wéi verschidde franséisch Medien mellen, wier de presuméierten Täter scho méi laang iwwerwaacht ginn.
Wéi déi franséisch Zeitung "Le Parisien" mellt, soll den Täter beim Betriede vun der Schoul am Norde vu Frankräich "Allahu Akbar" gesot hunn.
De franséische Parquet national antiterroriste huet d'Enquête iwwerholl.
De President Emmanuel Macron war e Freideg de Mëtteg op der Plaz vun der Dot zu Arras am Pas-de-Calais. Dat zesumme mam Inneminister Gérald Darmanin an dem Educatiounsminister Gabriel Attal. Dësen hat virdru schonn d'Direkteren am ganze Land opgeruff, d'Sécherheetsmesuren an de Schoulen direkt ze verstäerken.