
De Mann ass en Donneschdeg op eng Rei Polizisten duer gaangen a wollt mat hinne schwätzen. D’Polizisten hu geruff, e misst wechgestouss ginn, dat hu si dunn och gemaach. Den eelere Mann ass op de Kapp gefall an huet aus dem Ouer geblutt. D’Poliziste sinn laanscht hie weider gaangen. E gouf hospitaliséiert a wier an engem kriteschen Zoustand, sou de Buergermeeschter Byron Brown.
Op de soziale Medie sinn direkt Videoe vum Tëschefall zirkuléiert, virop ee Video vun engem Mataarbechter vum lokale Radio WBFO. Op de Biller gesäit ee kloer, wéi d’Polizisten einfach weidergaange sinn, ouni sech ëm de Mann ze këmmeren, obwuel en do a sengem Blutt loung.
Zwee Poliziste goufen direkt suspendéiert. De Buergermeeschter seet, et misst ee sech fir den Tëschefall schummen an e wier net gerechtfäerdegt.
Nom Doud vum Afroamerikaner George Floyd duerch Policegewalt ginn Dausende Leit an den USA op d’Strooss fir ze protestéieren.