Weder Blo nach RoutPortrait vun zwee apolitesche Wieler an den USA

Pierre Jans
Joe Biden oder Donald Trump, Demokraten oder Republikaner? D'USA si gespléckt an et kéint ee mengen, datt d'Amerikaner kloer engem Camp zouzeuerdne sinn.
© Pierre Jans / RTL

Ma ënnert 333 Milliounen Awunner ginn et der och, déi weder Blo nach Rout wielen. Leit, déi sech als apolitesch bezeechnen. De Pierre Jans huet zwee interessant Personnagen zu Washington DC getraff.

Apolitesch Wieler an den USA / Reportage Pierre Jans

Et muss ee sech de Peter, eigentlech Piero Colasante, esou virstellen: e Mann, dee méi jonk wierkt, wéi en ass, e waakregt Gesiicht mat engem Brëll op der Nues. Mä och een, dee weess, dass en interessant ass. Wéi e sech zum Beispill altersbedéngt kuerz sëtze muss, seet en:

“Et ass wéi e gudde Cocktail, ouni de Cocktail.” De Peter huet zanter 1973 eng Galerie fir all méiglech Konscht an Antiquitéiten. Zanter 1999 heescht se “L‘enfant” an ass am hippe Véierel Georgetown an der US-Haaptstad.

“Wéi ech meng Galerie opgemaach hunn, hat ech Chance. Ech hunn de Senator Barry Goldwater an d‘Kennedy-Famill kennegeléiert. Konservativer a Liberaler. Si sinn all Frënn ginn.”

Wie sech passionéiere ka fir Konscht a Geschicht, dee versteet sech mam Peter – egal ob Demokrat oder Republikaner. Vum Donald Trump hält hien net ganz vill:

“Ech hunn den Här Trump e bësse kannt, ier e politesch engagéiert war. Hien ass déi eenzeg Persoun an der amerikanescher Geschicht, déi sech selwer zum President gemaach huet. Hien huet jidderee beduckst, inklusiv sech selwer.”

No 2016 wär et 2024 fir hie keng Iwwerraschung méi, seet de Peter. Den Joe Biden hätt ze vill Kraaft verluer. Mä...

“Wat hie vergiess huet, ass méi wéi dat, wat déi meescht iwwer Politik wëssen.”

D‘Parteie fënnt de Galerist awer allebéid net gutt.

Als apolitesch bezeechent sech och den Don.

“Si nenne mech den Truth Conductor.”

Deen, deen d‘Wourecht weidergëtt. Den Don huet e speziellen Hobby. Hie sëtzt mat engem Haut-Parleur an engem Mikro virum White House an annoncéiert do déi verschiddenst Nationalhymnen.

“Ech probéiere Kulturen zesummenzebréngen. Mir schwätzen all net mateneen, well mir eis net kennen.”

Da spillt den Don d‘Heemecht virum Wäissen Haus – eng Première. Schued just, dass een an der lokaler Press duerno liese muss, dass den Truth Conductor bei Themen ewéi Homo-Mariage dann awer net esou weltoppen ass, wéi e sech gëtt. Kloer ass: ob Biden oder Trump, de Peter wäert weider a senger Galerie wurschtelen an den Don wäert Nationalhymne lafe loossen. Mat elo der Heemecht am Repertoire.

Back to Top
CIM LOGO