PortugalPremier annoncéiert Ausgangsspär fir 121 Gemengen

RTL Lëtzebuerg
A Portugal gëllt vun e Méindeg un e sanitären Etat de crise.

An 121 Gemengen, dorënner Lissabon a Porto, gëllt vun dann un eng Ausgangsspär. De Premier Antonio Costa huet annoncéiert, datt d’Leit dann an der Woch tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies doheem musse sinn. De Weekend dierfe se souguer tëscht 13 Auer mëttes a 5 Auer moies net virun d’Dier.

D’Regierung hat den Etat de crise deklaréiert, fir séier nei Mesurë géint de Coronavirus kënnen ze decidéieren. D’Ausgangsspär ass elo eng éischt Moossnam fir d’Infektiounszuelen nees no ënnen ze drécken.

Kierzlech ass d’Zuel vun den Neiinfektioune mam Coronavirus a Portugal nees staark an d’Luucht gaangen. Déi lescht Woch hat d’Land fir d’éischte Kéier de Wäert vu 4.000 Neiinfektiounen iwwerschratt.

Back to Top
CIM LOGO